Informatiounen
Generelles
Falls Dir bei Doctena kee passende Rendez-vous fannt, rufft gären eist Sekretariat un.
Mir bieden eis Patienten, hiren Dossier de soins partagé ze aktivéieren an eis Dokteren an de Vertrauenskreess ze setzen.
Ausserdeem brauche mir bei der éischter Consultatioun de gesondheetlechen Dossier (Bluttanalysen, Impfkaart, Rapport'e vun aneren Dokteren oder Ënnersichungen), vir eis d'Méiglechkeet ze ginn, Iech optimal ze behandelen.
Mir bieden Iech och drëm, eis bei all weiderem Rendez-vous iwwert Ënnersichungen a Behandlunge vun aner Dokteren ze informéieren an eis déi Rapport'e wa méiglech vir ze leeën. Nëmme sou kënne mir Iech beschtméiglechst betreien.
Ditt zum Schutz vun den anere Leit w.e.g. eng Mask wärend dem ganzen Openthalt am Centre Médical un, wann Dir Symptomer vun enger Erkältung oder Gripp hutt.
Noutfäll
Wann Dir en Noutfall hutt a mir net ze erreeche sinn, da stinn Iech folgend Strukturen zur Verfügung:
Apdikte vum Déngscht
Dës Apdikte stinn zur Verfügung fir dringend Medikamenter ausserhalb vun de regulären Ëffnungszäite kënnen ze kréien.
Maisons médicales
Fir am Noutfall eng Consultatioun bei engem Generalist ze kréie wann Ären Hausdokter net disponibel ass. D'Maison Médicale huet all Owend op vun 20 Auer bis 24 Auer a Weekends sou wéi um Feierdag vun 8 Auer bis Mëtternuecht op. Déi nooste Maison Médicale ass zu Ettelbréck.
Urgence
Fir schlëmm Noutfäll, déi net bei Ärem Hausdokter oder an der Maison Médicale kënne behandelt ginn, kënnt Dir an d'Urgence vun engem Spidol goen. Bei Zweifel rufft bei Ärem Hausdokter oder alternativ bei engem aneren Dokter oder um 112 un.
112
Bei engem schlëmmen Noutfall wou Dir direkt Hëllef op der Plaz braucht, wielt den 112.
Praxis-Richtlinnen
Mir bieden Iech d’Rechnungen direkt op der Plaz ze bezuelen a bidden Iech dofir de Paiement immédiat direct (PID) un.
Sot w.e.g. Äre Rendez-vous mindestens 24 Stonnen am Viraus of, fir datt mir en engem anere Patient kënnen ubidden. Am anere Fall kann dëse Rendez-vous Iech a Rechnung gestallt ginn.
Eng Verschreiwung vu Medikamenter per Mail oder Telefon ass méiglech fir Behandlungen déi scho vun eisen Doktere verschriwwe goufen. Fir e gudde Suivi ze assuréieren, biede mir Iech awer reegelméisseg op Kontroll-Rendez-vous'en ze kommen.
Mir bieden Iech an eiser Praxis respektvoll mat de Leit an de Raimlechkeeten ëmzegoen an Iech net ënner Afloss vun Alkohol oder Droge bei eis virzestellen.
Merci fir Äert Versteesdemech.