Eis Praxis

Eis Praxis ass op vu Méindes bis Freides a mir behandelen déi ganz Famill. Als Hausdoktere si mir déi éischt Ulafstell fir all méiglech gesondheetlech Problemer a wëllen den Iwwerbléck iwwert de Parcours vum Patient halen.

Mir schaffen op Rendez-vous, mee behandelen och medezinesch Urgencë vun eise Patiente jee no Méiglechkeet. Eis Doktere bidden och Hausbesich an der Ëmgéigend vun der Praxis un, wann et fir de Patient net méiglech ass bei eis ze kommen.

Mir benotzen déi national digital Patientendossier'en (DSP, CVE...) a bidden eise Patienten de Paiement immédiat direct (PID) un.

De Centre Médical Tënten gouf 2024, no zwee Joer Planung, vun 3 jonken Doktere gegrënnt an an Zesummenaarbecht mat der Gemeng Helperknapp realiséiert.

D’Praxis ass aktuell an engem moderne provisoresche Modulbau, deen extra dofir innerhalb vun e puer Méint opgeriicht gouf. D’Gebai steet am Zentrum vun Tënten an ass PMR-gerecht an entsprécht den haitegen Hygiène- a Sécherheetsstandards.

D'Praxis besteet aus 4 Consultatiouns-Räim, engem grousse Wartesall an engem Sekretariat. Bei engem Rendez-vous ausserhalb vun den Ëffnungszäite vum Sekretariat hunn d'Patienten d'Méiglechkeet sech direkt am Wartesall Plaz ze huele bis den Dokter si siche kënnt.

D'Raimlechkeeten vum Centre Médical si mat Léift zum Detail vun den dräi Doktere gestalt ginn, dëst mat der Ënnerstëtzung vu lokale Kënschtler. Fir eis kleng Patiente steet e Kannerspilleck zur Verfügung.

Am Agangsberäich ass e Laboratoire vu Bionext, wou Bluttprouwen a weider Analyse kënne gemaach ginn. Dësen ass och Moies a Samschdes ausserhalb vun den Ëffnungszäite vun der Praxis zougänglech: bionext.lu